Lescht Aktualisation: |
| 5-mai-2009 |
|

| Welleschter Musek - Musikkapelle St. Anton am Arlberg |
| Eng Frëndschaft iwwert Grenzen |
|
 |
D'Geschicht vun enger Frëndschaft
Am Joer 1996 war d'Welleschter Musek matten an de Virbereedunge fir d'Feierlechkeete vun hirem 100. Gebuertsdag. Et huet awer nach en „Highlight“ gefeelt.
Well ech dee Summer meng Vakanz zu St. Anton am Arlberg wollt maachen, an ech och d'Qualitéit vun der Museksgesellschaft vun do kannt hunn, sinn ech mat dem Virschlag komm, fir emol nozefroen, op si keng Loscht hätten, op Lëtzebuerg e Concert spillen ze kommen. Ech krut gréng Lut vum Komitee a sou hunn ech dann am Summer 1996 no engem Concert zu St. Anton mat dem deemolegen an nach aktuellem Obmann Helmut Mall doriwwer diskutéiert.
Zoufälleg war deen Owend och nach e Vertrieder vun enger däitscher Museksgesellschaft do, deen och dat selwecht gefrot huet.
Den Helmut Mall huet dat mat an de Komitee an och mat an d'Prouf geholl, an do war d'Entscheedung anscheinend ganz séier gefall....mat deem Resultat wat mer alleguerte kennen. |
 |
 |
Den 23. September 1996 huet d'Welleschter Musek offiziell d'Musikkapelle St. Anton am Arlberg invitéiert an den 21. Oktober 1996 huet d'Welleschter Musek d'Zouso kritt vun eise Frënn aus dem Tirol. Gläichzäiteg ass dunn och schon e Retourconcert fir de Summer 1999 versprach ginn.
Freides, den 23. Mee 1997 war et dunn esou wäit. 50 Tiroler si mat engem Bus ukomm an op der Plaz beim Léekeller empfaange ginn. Mir hate fir si e flotte Programm fir Samschdes organiséiert mat enger Visite vun der Stat Lëtzebuerg a vum Casino zu Mondorf. Owes war dunn a Präsenz vun der deemoleger Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges de Galaconcert, deen eis alleguer begeeschtert huet. Sonndes hunn déi (zum Deel nach elle midd!) Musikante mueres e puer Stécker an der Mass gespillt an och nach en Aperitifconcert offréiert, fir dann am Nomëtteg nees heem ze fueren. Datt si héichzefridde mat hirem Ausfluch waren, beweist den Artikel, deen am Juni 1997 am Gemeindeblatt vu St. Anton publizéiert ginn ass. Och vu Säite vun hirem Tourismusverband krut d'Welleschter Musek e Schreiwes, wou nach eng Kéier Merci gesot ginn ass fir déi gutt Publizitéit déi mir fir St. Anton gemat haten. |
 |
 |
An esou ass et dunn weider gaangen. Am August 1999 ass d'Welleschter Musek wéi versprach op d'Arlberger Musikfest de Retourconcert spille gaang. Dat war schonns eng besonnesch Atmosphäre, emol op esou engem groussen Zeltfest zesumme mat e puer anere Museksveräiner ze spillen. Mee och d'Cortèger duerch Sankt Anton sinn a beschter Erënnerung bliwwen.
2001 war eng méi kleng Delegatioun vun der Welleschter Musek bäi der 100-Joerfeier vun der Musikkapelle St. Anton präsent.
Vum 27. Juli 2002 bis den 29. Juli 2002 waren eis Kollege fir t'éischte Kéier bäi der Welleschter Kiermes dobäi. Et war en imposant Erliefnes, en Hämmelsmarsch mat iwwer 80 Musikanten duerch d'Stroossen vu Welleschte spillen ze gesinn an ze héieren. D'Musikante vu St. Anton haten den Hämmelsmarsch gutt geprouft, mä si haten am Ufank Schwieregkeete vir de richtege "Marschéierrythmus" ze fannen. Sonndes stoungen nach en Apéritifconcert an den Nomëttesconcert um Programm. Méindes war et no engem Tour duerch d'Riemerscher Weieren an engem kräftege Mëttegiessen nees Zäit fir d'Heemrees.
A well si et esou flott an de Wéngerte fonnt hunn an och de Wäin esou gäre gedronk hunn, hu si beschloss, selwer e Wéngert vum Luss Gales ze pachten an sinn esou am Oktober 2003 Member vun der Genossenschaftskellerei Welleschte ginn. Den een oder aneren ass dann och méi oder manner regelméisseg bäi der Lies zu Welleschten ze fannen. |
 |
 |
Vum 6. bis den 8. August 2004 ware mir dunn nees zu St. Anton, dës Kéier awer um Schützefest, wat vun der Schützenkompanie vu St. Anton all zweet Joer ofwiesselnd mam Zeltfest vun der Musek organiséiert gët. Freides goufe mer offiziell vun der Gemeng, vum Tourismusverband a vun der Musek am Ferienpark vu St. Anton empfaangen. Duerno war en éischte Besuch am Zelt ugesot. Um Samschdeg war e bëssche Kloteren ugesot, woubäi eis Musikskomeroden awer och dofir gesuergt hunn, datt d'Stëmmung net ze kuerz koum. Bäi der Geleeënheet konnte mer den imposante Chantier vun dem neie Waasserkraaftwierk vun der Gemeng matten an de Bierger besichen. Owes war den Amarsch an d'Zelt a e Concert am Stoen, éier mir nees déi gutt Stëmmung am Zelt konnte genéisse respektiv selwer dofir gesuergt hunn. Sonndegsmueres huet de Wecker scho fréi gerabbelt, well um 1/2 9 war de nächste Cortège an d'Zelt programméiert. D’Welleschter Musek huet dann och, an dat war eng Première fir si, d'Mass am Festzelt musikalesch begleet. Um 1/2 2 war den Haaptcortège mat alle Museken a Schützekompanien organiséiert. Zum Schluss hu mer nach den éischte Concert am Nomëtteg gespillt a géint 5 Auer huet de Bus sech op d'Heemrees gemat. E puer Musikante sinn awer nach e bëssche méi laang bliwwe fir déi gutt Stëmmung um Sonndegowend net ze verpassen. |
 |
 |
De Weekend vum 5. a 6. August 2005 war eng ganz besonnesch Feier zu Sankt Anton ugesot. Fir déi Frëndschaft tëschent deenen zwou Museksgesellschaften ze ënnersträichen, haten eis Musekskollegen décidéiert, eng Gondel vun der Rendl-Bahn mam Logo vun der Welleschter Musek a mat deem vun der Musikkapelle Sankt Anton am Arlberg ze verschéineren. Dofir as eng net ganz kleng Delegatioun vun der Welleschter Musek a vun der Welleschter Gemeng op Sankt Anton gereest. Et war dat nees e flotten Ausfluch, dee jidderengem a gudder Erënnerung bliwwen as.
Vum 26. bis den 28. Juli 2008 war dunn déi Welleschter Kiermes um Programm vun der St. Antoner Musek. Scho vir zweet hu si den Hämmelsmarsch matgespillt an och sonndes e Concert zum Beschte gin.
An dëst Joer däerfe mir beim "Bezirksmusikfest des Bezirks Landeck" vum 7. bis den 9. August 2009 zu Sankt Anton dobäi sin. Zesumme mat iwwer drësseg anere Museken eng Mass ze spillen, deen een oder anere Cortège ze marschéieren an och e Concert ze spillen: dat versprëcht nach vill Freed ze ginn.
Bleift ze hoffen, dass eis Frëndschaft nach laang hale wäert!
André Vandendries |
 |
| |
|
|
| |
|
|
| |
Och iis Frënn vun der St. Antoner Musek |
|
| |
hun eng Homepage, déi dir gäre kënnt kucke goen: |
|
| |
www.mk-st-anton.at |
|
| |
|
|
| |
|
|
| |
D'Fotoen vum Bezirksmusikfest fannt dir op folgendem Link: |
|
| |
|
|
| |
|
|
|
|